Op den Inhalt sprangen

Cassiopeia A

Vu Wikipedia
Cassiopeia A
Iwwerlagerung vu Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop, dem Chandra-Weltraumteleskop a vum Spitzer-Weltraumteleskop
Stärebild: (Cas)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 23h 23m 24s
Deklinatioun +58° 48' 54"
Distanz zirka 11000 Lj
Duerchmiesser zirka 10 Lj
Absolut Hellegkeet - 0,15 mag
Supernova
Typ IIb
Aner Bezeechnungen
SNR G111.7-02.1 • 3C 461

Cassiopeia A ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia op enger Distanz vu ronn 11.000 Liichtjoer. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 10 Liichtjoer.

Et ass e Rescht vun enger Supernovaexplosioun, déi op der Äerd ëm d'Joer 1680 hätt kënnen observéiert ginn, wa se net hanner de Gas- a Stëbswolleke geschitt wier. Méiglecherweis war Cas A e Stär vun der sechster Gréisst, deen den Astronom John Flamsteed zu senger Zäit als Supernova observéiere konnt. Haut ass de Cassiopeia A déi stäerkst extrasolar Radioquell um Himmel. D'Radioquell gouf 1947 entdeckt, déi optesch Identifizéierung ass 1950 gelongen. Cassiopeia A war dee jéngste bekannte Supernovarescht) an eiser Galaxis bis zu der Entdeckung vum Supernovarescht SNR G1.9+0.3.

Portal Astronomie